ESCHER BAMHAUSCAFÉ, ENTSPANUNG AN ENGER DRAMHAFTER ËMGÉIGEND

Den „ESCHER BAMHAUSCAFE“ huet eng Kapazitéit vun 30 Leit an invitéiert Iech fir e puer sympathesch Momenter bei ärem Besuch am „ESCHER DÉIEREPARK“ ze verbrengen.

4 private Terrassen mat 16 Plazen stinn Iech och zur Verfügung. Kommt an degustéiert e leckere selwer gemaachte waarme Schocki, Kaffi oder Uebstjus mat engem klenge Snack.

Bamhauscafé

Am „ESCHER BAMHAUSCAFE“ kënnt Dir e puer agreabel Momenter während Ärer Visite am „ESCHER DÉIEREPARK“ oder Ärem Openthalt an de Bamhaiser niewendru verbréngen.

De Café huet 16 Platzen op 4 privat Terrassen an 30 Plazen dobannen.

Genéisst e leckeren, hausgemaachte Schocki, e Kaffi, en Téi, en Uebstjus oder e Béier, e Glas Wäin oder Cremant aus lokaler Produktioun – mat engem Snack fir de klengen Honger. Mir setzen op regional an/oder Bio-Produiten.

D’Snack-Kaart eroflueden

D’Gedrénkskaart eroflueden

Frühstück am Bamhauscafé

Accessibility Menu

Font size
Zoom