Informatiounen

Presentatioun:

Déi 3 „ESCHER BAMHAISER“ matten am „ESCHER DÉIEREPARK“ heeschen Iech häerzlech wëllkomm, fir e puer onvergiesslech Deeg hei ze verbréngen! Hei fannt Dir Natur, Aventure, Confort a Sécherheet: déi ideal Kombinatioun! Wann een „Bamhaus“ héiert, denkt ee villäicht un en einfacht oder souguer primitiivt Logement … Nee, guer net!

Déi 3 Wunnenge sinn exzellent equipéiert an hunn all Confort:

  • eenzel Schlofkummeren (jee no Haus)
  • eng gemittlech Stuff
  • Heizung (elektresch)
  • eng gefëllte Minibar
  • eng kleng Kichen (Telleren a Couverte fir de Maximum u Visiteuren), fir eppes géint de klengen Honger ze preparéieren
    Opgepasst: et ass net méiglech, waarm Moolzechten ze kachen
  • Kaffi, Téi an Zocker gi gestallt
  • eng Buedzëmmer mat Dusch, Toilette, Handdicher, Seef, Shampoing
  • eng separat Toilette (jee no Haus)
  • 1 oder 2 grouss, privat Terrassen (jee no Haus) mat Gaardemiwwel
  • gratis WiFi

 

Verhalensregelen:

Fir Är eegene Sécherheet an Äre Confort – grad wéi vun Ären Noperen, den Déieren am Park an den anere Locatairen – haalt w.e.g. dës puer Regelen an:

  • Hausdéieren si verbueden
  • Aus Sécherheetsgrënn dierfe keng waarm Moolzechte gekacht ginn
  • Fëmmverbuet
  • Keng Partyen, kee Kaméidi an der Nuecht
  • Kleederschief an aner Rangementer si limitéiert

 

Adress a Kontakt:

ESCHER BAMHAISER
64, GAALGEBIERG
L-4142 ESCH-SUR-ALZETTE

Tél: (+352) 2754 3752 – Réceptioun Bamhaiser
Tél: (+352) 2754 2233 – Bamhauscafé

Kontaktéiert eis

Reservatioun per Internet oder Telefon.

 

Wou fannt Dir eis?

Individuell Urees am Auto:

Fir Ären Handy:
Breedegrad Nord: 49° 29’ 100’’, Längegrad Ost: 5° 59’ 100”

  • Aus der Stad Lëtzebuerg iwwert d’A4, Sortie Esch-Centre (5)
  • Vun Tréier iwwert d’A1 an Direktioun Luxembourg, duerno d’A4 an Direktioun Esch/Alzette (Sortie 5)
  • Vun Nanzeg – Metz – Thionville iwwert d’A31 an Direktioun Luxembourg, duerno d’A13 an d’A4 Sortie Esch-Centre (5)
  • Vu Bréissel iwwert d’A6 an Direktioun Luxembourg, duerno d’A13 an d’A4 Sortie Esch-Centre (5)

Zu Esch/Uelzecht an Direktioun Esch-Gare, duerno an Direktioun Rumelange / Kayl. No dem Viadukt, bei der rouder Luucht, no riets ofbéien an de Schëlter „Camping“ nofueren.

Google Map

 

Parking:

Jee no Haus sinn eng bis zwou Parkplaze bausse vum Park (150 m) reservéiert. Dir kënnt Äert Gepäck mat engem Weenche bei d’Haus bréngen. D’Weenercher ginn et bei der Receptioun.

Google Map

 

Ëffentlech Transportmëttel:

D’CFL-Gare gëtt reegelméisseg vun Zich aus der Stad Lëtzebuerg (2 bis 4 Zich an der Stonn) a vu Rodange ugefuer (voir https://www.mobiliteit.lu). Op der Gare bréngt Iech e Minibus (Gaalgebus, Quai C1) tëschent 11.30 an 18.00 Auer bis 200 m virun d’Receptioun.

 

Receptioun:

Informatiounen a Reservatiounen: méindes bis freides vun 9 bis 16 Auer*
*Jee no Saison

Anchecken: 15.00 Auer
Auschecken: 10.30 Auer

Nëtzlech Dokumenter a Links:

De Plang vum Park eroflueden

www.esch.lu
www.mobiliteit.lu

Accessibility Menu

Font size
Zoom